Korruptiounsvirwërf géint de Rüstungskonzern EADS

RTL: https://www.rtl.lu/news/international/a/352675.html

Géint d’EADS, vun där och de Lëtzebuerger Militärfliger kënnt, gëtt den Ament wéinst Korruptioun enquetéiert. Et ass eng economesch Branche déi trotz Finanzkris weider wiisst. D’Rüstungsindustrie. Hannert der britescher BAE ass déi däitsch-franséisch EADS den zweetgréissten europäeschen Rüstungskonzern. A géint déi EADS, vun där och de Lëtzebuerger Militärfliger kënnt, gëtt den Ament wéinst Korruptioun enquetéiert.

Mat Eurofighter ass de Model Kampffliger gemengt deen Eisträich bestallt huet fir de Loftraum ze schützen wéi et gesetzlech virgeschriwwen ass. Am leschte Jorzéngt si 15 där Fligere fir 1,7 Milliarden Euro akaf ginn. A bei deem Geschäft kéinten iwwer 100 Milliounen Euro vun der Rüstungsentreprise EADS a Schmiergelder investéiert gi sinn. No Perquisitiounen an Eisträich, der Schwäiz an Däitschland an EADS Bureauen ginn elo confisquéiert Dossieren vum Parquet analyséiert.
Niewt méiglechem Schmiergeld fir relevant Decideuren geet et virun allem ëm déi sougenannte Géigegeschäfter. Dat si Kompensatiounen fir d’Industrie vum Staat dee bei enger auslännescher Firma akeeft.

Dat ass usech usus bei esou grousse Geschäfter. Wann awer Sue fléissen ouni datt eng Géigeleeschtung hannendru stécht dann ass mat Kompensatiounen wahrscheinlech eppes aneschters gemengt.

Esou war de fréiere Regierungschef Jörg Haider a seng Partei FPö emmer stricte géint de Kaf vun Eurofighter. No Erkenntnisser vun den Enquêteuren sinn dunn awer ronn 4 Milliounen Euro iwwer Emweeër an eng Stëftung gefloss. An och den austro-kanadeschen Multimilliardär Fränk Stronach dee jo seng eege Partei gegrënnt huet kéint mat enger Entreprise vum Eurofighter-Deal profitéiert hunn.

Déi westeuropäesch EADS huet 2011 iwregens trotz Finanzkriis en Ëmsaz vun 49 Milliarden Euro gemaach. Dat si 7 % méi wéi am Joer virdrunn. Dëst Joer gëtt souguer mat engem Plus vun zéng Prozent gerechent. An do ass et net nei den Argumenter mat onerlaabtene Mëttelen méi Gewiicht ze ginn.
Zënter der Grennung vun der Entreprise am Joer 2000 gouf et ëmmer erem Skandaler.

Ob an der Affaire Clearstream, aktuell a Saudiarabien oder a Südafrika wou EADS an 30 Fäll Politiker mat Luxusautoen ausgerüst huet. An och an der eisträichescher Eurofighter Affaire huet schons e Generalmajouer wéinst falschen Zeienaussoen a Cadeauen vun EADS Lobbyisten säin Hut missen huelen.

Wa sech déi neitsten Korruptiounsdouten vum Parquet confirméieren da kéint Schuedenseraz bezuelt ginn oder am schlëmmste Fall géngen d’Fligeren zréck bei de Constructeur op München fléien.